Dëst Joer am Dezember goufen esouvill Vinyl-Placke verkaaft wéi säit 1991 net méi.

Et ass kee Geheimnis méi dass d'Vinyl Placken erëm am Trend sinn. Dat erkennt ee ganz kloer och an de Museksgeschäfter wou säit deene leschte Joren ëmmer rëm méi Placken ze verkafe sinn.

An der Woch vum 17. bis den 23. Dezember 2021 goufen am ganzen iwwer 2,10 Millioune Vinyl Placke verkaaft. Dat ass déi héchste Verkafszuel säit dem Joer 1991. Ganz onschëlleg sinn dann do och net d'Billie Eilish, d'Adele oder d'Taylor Swift.

Elleng dem Billie Eilish säin Album "Happier Than Ever" gouf an der éischter Woch 73.000 mol op Vinyl verkaaft. De Rekord huet awer am Moment déi brittesch Sängerin Adele mat sengem ganz aktuellen Album "30". An engem Mount huet d'Sängerin 108.000 Vinyl-Placke verkaaft an huet domat déi meeschten am Joer verkaaft.

Fir all déi Leit déi nach al Vinyl-Placken doheem hunn, déi solle gutt op dës oppasse well villäicht geet den Trend jo erëm an déi Richtung.