Fir all d'Fans vum Duo gëtt et elo Zäit sech net nëmmen Hoffnungen op nei Musek ze maache mee éischter einfach richteg ze freeën!

Sou lues fillt sech effektiv alles nees u wéi an de fréien 2000er Joren: de Ben Affleck an d'JLo sinn zesummen, d'Britney feiert villäicht ee Comeback, an den Timbaland an Justin Timberlake sinn zesummen am Studio!

No hiren Hits "Cry Me A River", "Give It To Me","My Love" an nach villen aneren ass et dann elo effektiv Zäit fir nei Musek vun deenen zwee. Den Timbaland huet op Instagram ee Video gedeelt, op deem een den Justin Timberlake op Beats danze gesäit, an och den Ant Clemons, dee wuel och mat am Boot ass.

Bei de Video huet den Timbaland nach d'Wierder: "Soon to come" mat 4 Aen-Emojis dobäi. Mer si gespaant wéini déi nei Musek vun hinnen dann definitiv do ass!