An zwar wann et drëms geet wéi vill Songwriter un engem Lidd bedeelegt waren.

Den Justin Bieber huet schonn eng ganz Rei Rekorder gebrach. Ma dësen huet en awer wierklech net eleng gebrach.

Seng Single "Peaches" aus dem Album "Justice" ass weltwäit gutt ukomm. D'Single gouf dann och fir ee Grammy nominéiert, nämlech fir "Song Of The Year".

An de Rekord deen den Justin elo hei gebrach huet? Ma nieft dem Justin Bieber sinn nach 10 weider Persounen als Songwriter dobäi! Dat eemol déi zwee aner Sänger, den Daniel Caesar an de Giveon. Soss sinn nach den Louis NBell, Bernard Harvey, Felisha "Fury" King, Matthew Sean Leon, Luis Manuel Martinez Jr, Aaron Simmonds, Andrew Wotman an de Keavan Yazdani.
Nach ni war ee Lidd nominéiert bei deem esou vill Leit mat dru geschafft hunn.

Bis elo hat d'Beyoncé de Rekord gehale mat 9 Songwriter déi matgehollef hu beim Lidd "Black Parade". An do virdrun dem Bruno Mars säin "That's What I Like" aus dem Joer 2018, bei dem am Ganzen 8 Leit hir Kreativitéit mat abruecht hunn.