Am Joer 2022 soll d'Party um Festival nach méi laang goe wéi een dat elo scho gewinnt ass.

Nodeems den Tomorrowland Festival an der Belsch huet missen am Joer 2020 an 2021 ofgesot ginn, wëllen d'Organisateure vum gréissten EDM-Festival op der Welt dëst Joer nach een drop setzen. Fir d'Organisateuren an all déi 1.500 Leit déi um Festival schaffe war et am Joer 2021 ee risege Schock vue dass de Festival eigentlech sollt si mee dunn awer a leschter Sekonn nach ofgesot gouf.

Elo hunn d'Organisateuren awer ugekënnegt, dass si fir 2022 geplangt hunn de Festival net wéi gewinnt iwwer zwee mee iwwer dräi Weekender ze zeien. D'Pressespriecherin Debby Wilmsen sot an engem Interview, dass si um Land den Accord schonn hätten an elo just nach op den "OK" vun der Staat Boom a Rumst géife waarden. Hoffe mer dass de Festival ka stattfanne vue dass hei ëmmer déi gréissten DJ'en vun der Welt wärend dem Festival optrieden.