Den kanadesche Museker huet op Instagram ee neien Album fir ganz geschwënn ugekënnegt.

Nodeems den The Weeknd am Joer 2020 säi leschten Album "After Hours" released huet an zimmlech all Rekorder gebrach huet, huet de Museker elo an engem Instagram Post ugekënnegt, dass deen nächsten Album ganz geschwënn soll erauskommen.

De 7. Januar 2022 ass et dann endlech esou wäit an all The Weeknd Fans kennen sech op dem Museker säin neit Wierk "Dawn FM" freeën. Op dësem Album wäerten dann och déi eng oder aner Kollaboratioun mat anere mat drop sinn. Esou steet scho fest dass zum Beispill de Schauspiller a Komiker Jim Carrey an de Rapper Lil Wayne soll matgeschafft hunn. Op Instagram huet den The Weeknd den neien Album als "akusteschen Universum" beschriwwen. Mir kennen also gespaant si wat hien eis de 7. Januar bidde kann.