Den 8. Januar wier de Museker 75 Joer al ginn. Elo huet seng Famill d'Rechter u senge Songs verkaaft.

Den David Bowie gehéiert mat Sécherheet zu deene Museker, déi an de leschte Joerzéngten d'Pop Zeen esou richteg gepräägt hunn. Leider ass de brittesche Sänger am Joer 2016 am Alter vun 69 Joer gestuerwen. Zu senge gréissten Hits gehéiere Lidder wéi zum Beispill "Heroes", "Starman" oder "Space Oddity".

7 Joer nom Dout vum Museker, huet sech dem David Bowie seng Famill awer dofir entscheet d'Rechter un der Museker vun him un d'Plackefirma Warner ze verkafen. Laut Gerüchter soll de komplette Katalog vum David Bowie senge Songs fir ongeféier 250 Milliounen Dollar verkaaft gi sinn.

Domadder ass den David Bowie a seng Famill net méi Besëtzer vun de Museksrechter mee Warner. De Chef vu Warner huet gesot, dass et fir hien eng grouss Éier wier dëse Katalog a senger Firma ze besetzen.

An de leschte Méint hate jo och scho Museker wéi de Bob Dylan an de Bruce Springsteen mat esou Noriichten op sech opmierksam gemaach.