Eigentlech sollt dem amerikanesche Rapper säin Album op Silvester erauskommen.

De Rapper Machine Gun Kelly hat am Laf vum Joer 2021 grouss ugekënnegt, dass säin neien Album "Born With Horns" sollt den 31. Dezember op Silvester erauskommen. Nodeems hien am Joer 2020 säi leschten Album "Tickets To My Downfall" released hat, waren d'Fans natierlech op dat neit Wierk gespaant.

De Museker huet op Twitter awer elo ugekënnegt, dass hie selwer weess dass d'Gerücht vum Silvester Datum am Raum stoung. Fir d'Berouegung vun alle Fans huet hien dann awer elo gesot, dass net nëmmen 1 mee esouguer zwee Alben am Joer 2022 sollen erauskommen. Bei sengem neisten Album "Born With Horns" huet dann och den Drummer vun der Band Blink-182 Travis Barker matgeschafft.