D'Präisverdeelung sollt eigentlech den 31. Januar 2022 zu LA stattfannen.

D'Grammys gehéieren definitiv zu deene bekanntste Musekspräisser op der Welt an all Museker well mindestens eng Kéier am Liewen esou een an den Hänn kennen halen.

Nodeems d'Organisateuren eigentlech geplangt hate fir d'Präisverdeelung den 31. Januar an der Crypto Arena zu Los Angeles stattfannen ze loossen, sinn si awer elo gezwongen dës rëm ofzesoen. Och an Amerika ass de Corona-Virus nach stäerk an dofir hunn vill Museker a a Produzente gezéckt fir un de Grammys deelzehuelen.

Allerdéngs ass am Gespréich, wéi wann d'Organisateure géifen no engem neien Datum am Abrëll oder Mee sichen.

Zu de Favoritte vun dëser Editioun hunn ënnert anerem den Ed Sheeran, d'Olivia Rodrigo, d'Billie Eilish an d'Doja Cat gehéiert. Sie mussen dann elo wahrscheinlech e puer Méint méi laang op hire Präiss waarden.