De lëtzebuergesche Museker wäert och am Joer 2022 am Ausland ënnerwee sinn.

Am Mäerz 2021 huet de Museker a Sänger Josh Island seng Single "Love Don't Come Easy" erausbruecht. Kuerz duerno ass dann och seng EP ënnert dem selwechten Titel erauskomm. De Pop-Rock Museker Josh Island hat trotz der Corona Pandemie ee gutt gefëllte Concertssummer.

Elo huet de Museker dann ugekënnegt, dass hien eng Tour dëst Joer wäert maachen. Lass geet et dann och direkt am Februar mat dräi Concerten:

9. Februar 2022 - Kinneksbond zu Mamer (LU)
10. Februar 2022 - Das Kulturhaus zu Kehl (DE)
11. Februar 2022 - Cafe Q zu Marburg (DE)

Weider Datumer sinn awer och scho confirméiert a déi fann der hei:

08.03 Cafe Galao, Stuttgart
09.03 APEX, Göttingen
10.03 Laboratorium, Oldenburg
12.03 Hebebühne, Hamburg
13.03 One World, Reinstorf
16.03 Nunatak, Bremen
17.03 Kulturforum, Kiel
18.03 Prachtwerk, Berlin
19.03 Das Zentrum, Bayreuth
21.03 Schick&Schön, Mainz
22.03 Schlosskeller, Darmstadt
24.03 Wohngemeinschaft, Köln
26.03 Kunst+Bühne, Celle
22.04 Akadamie, Otzenhausen
04.06 Vauban Insel