De Coachella Festival gëllt als dee gréissten a bekanntste Festival op der Welt.

De Coachella Festival oder de Coachella Valley Music And Arts Festival wéi en ganz heescht ass ee vun deene bekanntste Festivallen am Moment an all Museker erhofft sech eng Kéier op der Mainstage do optrieden ze kennen.

Nodeems de Festival am Joer 2020 an 2021 wéinst der Corona-Pandemie huet missen ofgesot ginn, soll en dëst Joer awer rëm tëschent dem 15. a 24. Abrëll stattfannen.

Als Headliner ginn am Moment d'Billie Eilish an de Kanye West gehandelt. Dëst ass awer nach net offiziell ugekënnegt ginn. Rage Against The Machine, déi am Joer 2021 do sollten optrieden hunn hire Concert fir dës Editioun awer scho selwer ofgesot.

Als weider potenziell Headliner gëllen dann nach d'Swedish House Mafia an de Kendrick Lamar.

Deen offizielle Line-Up soll dann an deenen nächsten Deeg vum Festival released ginn.