Dem Adele seng Single "Easy On Me" gouf et lo mol eng Kéier a bëssen enger anerer Versioun.

Den Travis Barker kennt een eigentlech als Rockmuseker an als Drummer vun der Punk-Band Blink-182. Anscheinend ass den Travis Barker awer och Fan vum Adele senger Musek. Hien huet nämlech dem Adele seng Single "Easy On Me" vu sengem leschten ALbum "30" gecovert. Wat dobäi erauskomm ass, kann een sech bei engem Rockmuseker jo virstellen.

Aus der roueger an emotionaler Single "Easy On Me" ass kuerzerhand mol eng Rock-Metal-Ballade entstanen. Vue dass Blink-182 am Moment eng Paus maachen, probéiert den Travis Barker sech u villen anere Projeten. Hien wäert ënnert anerem och um Avril Lavigne sengem nächsten Album mat drop sinn.