De lëtzebuergeschen DJ a Produzent huet eng nei Single released.

Nodeems mer an deene leschte Wochen a Méint schonn e puer nei Lidder vum lëtzebuergeschen DJ a Produzent WazToo héieren hunn, ass haut dann och seng nächst Single "Alive" erauskomm.

An der Single "Alive" geet et eigentlech dorëms, dass een d'Liewe soll esou genéisse wéi et kënnt. Et gehéiert eben dozou dass do och mol Héichten an awer och Déifte mat dobäi sinn. D'Single soll ebe weisen dass een ëmmer dat bescht aus dem Liewe soll maachen an et wierklech "Alive" genéisse soll.

Mat senge leschten zwee Lidder huet den WazToo dann och ee richtegen Erfolleg. Mat iwwer 2000 internationale Plays op Radio-Statiounen an iwwer 15.000 Streams op Youtube sinn déi Lidder op jiddefalls immens gutt bei de Nolauschter ukomm.