De Serge Tonnar an de Georges Urwald hunn eng Rei lëtzebuergesch Lidder an enger neier Versioun released.

Nodeems d'Corona-Pandemie och dem Serge Tonnar an dem Georges Urwald ee Stréch duerch d'Rechnung gemaach huet, hunn si hire Release vun hirer neier CD "Aus der Heemecht" op d'Joer 2022 verréckelen.

Den Album ass dann eng Sammlung vu radikal neien Interpretatioune vu lëtzebuergesche Lidder aus dem 19. Joerhonnert.

Dësen Album wäerten déi zwee Museker dann och am Ufanks Februar zu Gréiwemaacher am Stued Theater virstellen.

Tickets ginn et fir d'Concerten iwwert d'Email: stuedtheater@gmail.com

Den Album "Aus der Heemecht" vum Serge Tonnar a Georges Urwald kann een HEI bestellen!