Dat an engem Interview op der franséischer Tëlee-Chaine TF1!

Dem Stromae säin neien Album "Multitude" soll de 4. Mäerz eraus kommen. Et ass säin drëtten Studioalbum. Déi éischt Single "Santé" aus deem neien Album war schonn am Oktober 2021 erauskomm.

Op der franséischer Tëleeschaine TF1, war de belsche Museker als Invité ze gesinn. Do huet hien iwwert déi musekalesch Aflëss vu sengem neien Album geschwat. Do erzielt de Stromae, dass hie vun alle méiglechen, och deels ganz exoteschen Instrumenter Gebrauch gemaach huet fir säin drëtte Studioalbum ze vertounen.

Och dës Kéier wäerten d'Sujeten vun de Lidder nees ganz serieux an och perséinlech sinn. Dat huet de Stromae dunn och direkt demonstréiert. Live op der Televisioun, huet hien eng ganz nei Single presentéiert, déi sech "L'enfer" nennt. Dora séngt hien dovun, wéi et ass Depressiounen ze hunn, sech eleng ze fillen, an dat obwuel ee weess, dass et och anere Leit esou geet.

Ee Lidd dat ee ganz wichtegt Thema huet, mee net nëmme vum Sujet, mee och der Musek hier immens Loscht mécht endlech dat ganzt Wierk vum Maestro op den Oueren ze hunn.

Kuckt iech hei dee ganze Video un: