Wéi zwee Membere vun der Band elo sote, huet d'Nicole Scherzinger hir Reunion-Tour ofgesot, ouni hinne Bescheed ze soen.

Do kéinten och villäicht emol d'Krallen eraus kommen. Well déi zwee "Pussycat Dolls"-Memberen Jessica Sutta an Carmit Bachar hu matgedeelt dass d'Band d'Ofso vun der Tour duerch dem Nicole Scherzinger seng Insta-Story gewuer ginn ass.

Lescht Woch hat d'Fronstängerin vun de Pussycat Dolls op Instagram a senger Story matgedeelt, dass d'Reunion-Tour vum Mee misst annuléiert ginn. De Grond heifir wier d'Pandemie. An d'Nicole Scherzinger wier immens traureg dës Decisioun misse matzedeelen. Dat och well hatt vill vu senger Zäit, kreativer Energie an och sengen eegene Sue mat erabruecht hätt fir dës Reunion an de Projet vun de Pussycat Dolls nees opliewen ze loossen.

Jo kuerz no dëser Annonce hunn awer zwee aner Pussycats, d'Jessica an d'Carmit an engem gemeinsame Post dat Ganzt e bëssen anescht duergestallt. Deemno hätte si, wéi och de Rescht vun der Band guer näischt dovu gewosst, dass d'Tour ofgesot ass. Bis ewell hätten si dat nach net offiziell matgedeelt kritt. Si wiere, genee esou wéi d'Fans dës Ofso duerch Instagram gewuer ginn. Dëst wier sécher net d'Manéier wéi si wéilten, dass dëst Kapitel elo ophält, mee dës Decisioun géif leiwer net an hiren Hänn leien.

D'Stëmmung vun deene 4 Meedecher aus der Band vis à vis vum Scherzinger dierft den Ament wuel net esou gutt sinn.