Mat engem Bommenalarm an déi éischt Rei? Dat war de Plang, just kee Gudden...

Op engem Outdoor Concert vum Doja Cat an AJR gouf de Weekend e Fan festgeholl, deen onbedéngt an déi éischt Rei wollt kommen, elo ass da bekannt firwat. Am Kader vun engem Football Match den 8. Januar haten D'Sängerin an d'Band e gratis Concert ginn. Fir dësen hate sech dann och eng Partie Fans scho mat Zäit an d'Rei gestallt. Ma just ier d'Dieren opgaange sinn huet d'Police misse wéinst engem Bommenalarm intervenéieren.

E Mann hat anere Fans an der Schlaang erzielt, dass hien eng Bomm a sengem Rucksak hätt, an der Hoffnung, dass doduerch Leit virun him géife fortgoen an hie bis ganz no vir kéint kommen. Een aus der Schlaang hat awer de richtege Reflex an hat dat Ganzt bei der IMPD also der Police vun Indianapolis gemellt.

D'Beamten haten de Fan op der Plaz duerchsicht a weder u sengem Kierper nach a sengem Rucksak eng Bomm fonnt. De Mann hat allerdéngs aner Kloen, déi géint hie virlouchen an esou ass en direkt mat op de Büro geholl ginn.

De Concert hat doduerch 20 Minutte Retard, ma d'Event konnt genee esou oflafe wéi geplangt. Weder d'Doja Cat, nach AJR hu sech bis elo zum Virfall geäussert.