An dat obwuel den Album u sech prett wär fir de Release...

Am November hat de Post Malone schonn déi éischt Single-Auskopplung "One Right Now" aus sengem neien Album presentéiert. Dës war eng Kollaboratioun mat The Weeknd, de selwechte Mount koum dunn och de Museksvideo eraus. Fans hunn also domat gerechent, dass och e 4. Album net méi all ze wäit fort wär, ma elo gouf et e Post op social media, deen drop hindeit, dass dat nach e bëssen dauere kéint.

Dem Dre London no, dem Post Malone säi Manager, wär den Album "fäerdeg" a "prett" fir de Release, ma de Label géif dat Ganzt verzögeren. A sengem Post op Instagram verréit de Manager, "Posty Fans mech braucht der net ze stressen, mir hunn eisen Deel gemaach! Elo läit et um Label ier mer de GROUSSEN Album droppen". De Manager huet d'Labels souguer getagged an d'Fans lancéiert sech bei hinnen ze mellen an Drock ze maachen.

Och wann net gewosst ass wat do genee lass ass, souwuel de Post Malone wéi säin Team (ausser d'Labels) brennen drop ze releasen an deemno kënne mer eis drop virbereeden, dass et net méi all ze laang dauere kann. Den Hashtag #2022 mécht jo op alle Fall scho mol kloer, dass et dëst Joer esou wäit wäert sinn.