Quantum Dot hunn an Zesummenaarbecht mam Thorunn Egilsdottir (When 'Airy Met Fairy) eng nei EP ugekënnegt!

Zanter 2017 si Quantum Dot just nach zu Zwee ënnerwee. Doduerch sinn de Lionel Jeusette an de Patrick Ribeiro an deene leschte Joren méi zum Produzenten-Duo ginn. An hiren elektroneschen, organeschen an atmosphäresche Songs schaffe si ganz gär mat richtegen Instrumenter a recorden déi dann och live. Esou och op hirer neier Single "Riverbed Sleep". Hei handelt et sech ëm eng ganz nostalgesch Single mat engem eeschten Thema. D'Vocals komme vun der Sängerin Thorunn Egilsdottir vu "When 'Airy Met Fairy".

De Lionel an d'Thorunn waren e Mëttwoch op Besuch am Studio6 an hunn iwwert hir Kollaboratioun geschwat! Lauschtert hei de ganzen Take aus der Sendung:

Frësch gepresst (Studio6) mat Quantum Dot an dem Thorunn!

De 15. Februar kënnt dann och déi nei EP "Random Casualties" mat am Ganze 4 Tracks eraus. Hei kënne mir eis och op e puer méi dancy Songs freeën, och wann deen nostalgesche Charakter duerch dem Thorunn seng Stëmm ëmmer wäert mat dobäi sinn.

RTL

Quantum Dot & Thorunn Egilsdottir / © Noé Nei