Wat alles esou geschéie kann, wann een ee Film kuckt, weist dat heite Beispill ganz gutt.

All Band besteet aus engem bestëmmte Grond. Dacks sinn et e puer Kolleegen aus der Jugend déi Loscht haten dat an enger Band op grousse Bünen ze maachen. Anerer sinn duerch Castings zesumme gesat ginn. An da gëtt et nach Coldplay.

An engem Interview an der "The Kelly Clarkson Show" huet de Frontmann Chris Martin erzielt wisou hien eigentlech an enger Band wollt sinn. Bei him war et duerch de Film "Back To The Future" mam Michael J. Fox. Besonnesch d'Zeen an der de Fox a senger Roll vum Marty Mc Fly d'Lidd "Johnny B. Goode" gespillt huet, wier den ausschlaggebende Moment gewiesch.

"Ech sinn am ländlechen England opgewuess, virum Internet. An all Form vum Musek op der Tëlee war besonnesch. Déi éischte Saach déi ech opgeholl hunn, war d'Titelmelodie vun "The A-Team". An dat andeems ech ee Kassetterekorder ganz no un d'Tëlee gehalen hunn."

Iwwregens ass entspriechend senger Inspiratiouns-Geschicht fir enger Band bäizetrieden, besonnesch ee Moment besonnesch schéi gewiescht fir de Chris Martin. An dat war, wéi de Michael J. Fox 2016 zu New York mat Coldplay op der Bün stoung fir "Johnny B. Goode" ze spillen.