Fir Merci ze soen, huet de Rapper och nach ee klenge Video op Twitter gepost.

Den Eminem hat elo Grond sech ze freeën. Elo huet de Rapper nämlech een neie Meilestein bei YouTube erreescht. Ganzer 50 Millioune Subscribers huet de Real Slim Shady elo op sengem offiziellen YouTube Account zesummen.

Op Twitter huet de Marshall Mathers och scho reagéiert: Now how the fuck did this metamorphosis happen? From standin’ on corners and porches just rappin’. Dës Zeil ass dann och eng Referenz op säi Lidd "Sing For The Moment" aus dem Joer 2002. A sengem Post ass dann och nach ee Video mat engem Zesummeschnëtt aus lauter Auszich aus senge verschiddene Musekvideoen. Dorënner "The Real Slim Shady", "Stan", "Rockstar", "Love The Way You Lie", an nach ganz villen aneren.