Ausserdeem sollen de Kanye West a Swedish House Mafia op der Bün stoen.

Zwee Mol gouf de Coachella Valley Music And Arts Festival scho verréckelt, dëst Joer soll en dann u jeeweils 2 Weekender tëscht dem 15. Abrëll a 24. Abrëll ofgehalen ginn. Den éischte Weekend am Abrëll wär schonn ausverkaf, de Virverkaf fir den zweeten Datum soll de Freideg ufänken.

Elo gouf dann och de Line-Up annoncéiert zu deem de brittesche Popsänger Harry Styles an d'Sängerin Billie Eilish gehéieren.

Ausserdeem ass de Rapper Kanye West, dee sech zanter kuerzem just nach "Ye" nennt Deel vun den Headliner. D'Organisateuren hunn ausserdeem annoncéiert, dass ënnert den aneren Acts MusekerInne wéi Doja Cat, Swedish House Mafia, Megan Thee Stallion a Stromae wären.