War d'Geschicht vum 100 Euro Finderloun just erfonnt?!

Fir 300.000 Euro mussen déi meescht vill schaffen a spueren. Ma déi aner fanne se einfach esou op der Strooss, oder der Bowling-Bunn. Esou ass et enger Fra an den USA gaangen, déi eegenen Aussoen no, eng Posch voll Sue fonnt hat a se doropshin dem Besëtzer zréck ginn huet.

De Besëtzer vun dëser Posch mat 300.000 Dollar dran, soll da keen aneren ewéi de bekannte Rapper Nelly gewiescht sinn. An deen hätt sech natierlech och dankbar gewise bei der éierlecher Fra a soll hir e "Finderlohn" ginn hunn... vu ganzen 100 Dollar.

Op Instagram gouf e Video eropgeluede vun engem Mann, dee beseet, dass en dobäi war wéi d'Fra d'Suen zréck ginn huet a sech doriwwer ameséiert wéi wéineg se dofir vum Museker krut. De Video ass séier viral gaangen an an de Kommentaren hunn d'Leit sech schockéiert gewisen. Wien einfach esou 300.000 Dollar vertässelt, kéint enger éierlecher Persoun, déi dës zréck brengt och roueg méi Belounung ginn. Virun allem vun engem Star wéi dem Nelly hätte sech d'Fans méi erwaart.

Ma mëttlerweil huet sech dann och de Rapper zu Wuert gemellt a bestreit déi ganz Geschicht. Mat de Wierder: "Cap…SUUUUUUUPPPPPEEEEEERRRR CAAPPP,"wat e Slang ass fir "Bullsh*t / Ligen, seet den Nelly "Ech hunn näischt verluer, keng Anung wat fir eng Posch oder vu wiem senger Posch se schwätze mee et ass zu 100% net meng!"