Dëse Freideg soll de Feature mam Pusha T, The Game an DJ Premier erauskommen

De Rapper a Prouder Ye huet an engem Video Call mam DJ Premier verroden, dass se net just un engem Track schaffe mee dëse schonn dës Woch erausbrénge wëllen. Muer, freides de 14.01.2022, fir genee ze sinn!

Den Uruff gouf matgefilmt an op Instagram gesat. Do héiert een eraus, dass de Ye, Pusha T. an The Game freides eng Single wëlle releasen, déi den DJ Premier da soll remixen. Am Face Time freet de Kanye säi Museker-Kolleeg ob e motivéiert wär mat drun ze schaffen, deen direkt jo zu der Kollaboratioun seet.

Den Numm vum Track ass nach net gewosst, dat gi mer da wuel de Freideg gewuer!