Topmodel featuring Rapper - De Song ass den offizielle Soundtrack vun GNTM

Et ass schonn déi 17. Staffel vun Germany's Next Topmodel déi den 3. Februar 2022 erauskomme wäert a wéi bei all Staffel gëtt et och hei en offiziellen Opener-Song. Dës Kéier gëtt deen da vun der Model-Mama Heidi Klum perséinlech gesongen an zwar am feature mat kengem anere wéi dem Museker Snoop Dogg.

Den Electrontic-Dance-Track nennt sech "Chai Tea with Heidi" an ass op dësem Freideg (14.01.2022) erauskomm. D'Topmodel weist sech begeeschtert vun der Kollaboratioun a seet "Et huet mir esou vill Spaass gemaach en zesumme mam Snoop Dogg opzehuelen. Ech sange scho mäi ganzt Liewe laang gären, an elo mam "Godfather of Rap" e Song ze hunn, ass wierklech en absolut Highlight a mengem Liewen."

Bannent 3 Deeg war de Song fäerdeg, opgeholl gouf en am Snoop Dogg sengem Tounstudio zu Los Angeles. Méi Schwieregkeeten haten déi Zwee da mam Rod Stewart. D'Heidi wollt nämlech d'Zeil "When I give my heart again // I know it’s gonna last forever" vum Rod Stewart senger Single "Baby Jane" benotzen. Souwuel de Song wéi de Museksvideo waren zu deem Zäitpunkt schonn opgeholl, allerdéngs ouni Accord dës Textzeil kënnen ze benotzen.

D'Model hat probéiert un de Museker ze kommen a war scho bal verzweifelt well et Angscht hat alles nei missen opzehuelen, wéi de Grammy-Gewënner duerch ganz vill Zoufäll op dem Heidi seng Mail opmierksam ginn ass. Hie war begeeschtert an huet direkt säi go ginn.