2 Joer laang huet een näischt vum Duo héieren, elo soll e 4. Album an eng nei Single erauskommen.

No 2 Joer Paus mellt sech den Duo mat engem Satir-Video zréck an entschëllegt sech fir d'éischt emol fir déi laang Waardezäit, déi hir Fans missten erdroen. De Video gouf gëscht op hire social media Kanäl eropgeluede mat der Caption "Sorry, The Chainsmokers are back".

Am Video huele se sech selwer op d'Schëpp an deem e falscht Duo sech fir si aus gëtt an d'Leit beim Prozess vum Musek-maache mat hëlt. Zu dësem "Prozess" gehéiert dann 100 Dollar Schäiner ze fëmmen, Drogen ze huelen a mat Rollerblades duerch d'Villa ze fueren, ier se duerch de ganzen Drock vu baussen zesumme briechen an de Projet nei Musek stoppen. Zum Schluss vum Clip ginn déi falsch Chainsmokers da mat dem richtegen Duo, dem Alex Pall an Drew Taggart ersat, déi an engem Telefonsgespréich mat hirem Label confirméieren "The Chainsmokers are back".

Et wäert also all Moment esou wäit sinn, dass hir Single "High", déi schonn annoncéiert gouf erauskomme wäert. Dëst wär net just den éischten Track vum Duo zanter 2019, et soll och déi éischt Singleauskopplung aus hirem 4. Studioalbum sinn.