Zesumme mam Majan, badchieff an Edo Saiya erkläert de Rapper an neiem Track wat Léift ass.

Déi 4 Kënschtler Cro, Majan, badchieff an Edo Saiya hu schonn an der Vergaangenheet a verschiddene Konstellatiounen zesumme geschafft.

Bei der neier Single "Ich liebe..." treffen déi 4 dann elo alleguer openeen a probéieren dat grousst Thema Léift opzegräifen. Hei héiert ee wéi déi 4 ënnerschiddlech op d'Fro "wat ass eigentlech Léift" reagéieren.

E klenge Virgeschmaach gouf et da schonn op Instagram an de 14.01 ass den Track komplett released ginn.