Nodeems d'Tournée huet misse verréckelt ginn, huet de brittesche Sänger elo déi nei Datumer released.

De brittesche Singer a Songwriter Harry Styles huet seng Welttournée "Love On Tour" misse wéinst der Corona-Pandemie ofsoen. Elo huet hien dann awer déi nei Datumer released. D'Tour wäert duerch Europa, Groussbritannien a Latäinamerika goen.

Fir Europa sinn zum Beispill Concerten zu Köln, Hamburg, Berlin, Antwerpen an Amsterdam geplangt.

De Virverkaf fir d'Tickets wäert den 21. Januar ëm 9.00h moies opgoen.

Den Harry Styles sot awer och schonn dass d'Fans sech op verschiddenen aner Acts kenne wärend der Tour freeën.

Wann dier well een Ticket fir d'Tour kaaft huet, da bléift dësen natierlech gëlteg fir déi verréckelt Concerten.