Déi zwee lëtzebuergesch Museker wäerten am Februar beim Future Echoes Festival mat dobäi sinn.

De Maz an den Chaild si säit deene leschte puer Joer net méi aus der nationaler Museksbranche ewechzedenken. Trotzdeem probéieren déi zwee Museker och international Fouss ze faassen. Mat Hëllef vun der lëtzebuergescher Organisatioun "KulturLX" hunn si d'Méiglechkeet kritt um schwedeschen Newcomer Festival Future Echoes mat dobäi ze sinn.

Dëse Festival wäert vum 17. bis den 19. Februar stattfannen a gëllt als ee vun deene gréisste Festival vir nei Bands am Moment. Zesumme mam Maz a mam Chaild wäerten dann och nach ronn 150 aner Bands an Artisten dee Weekend optrieden.

Niewend de Performancë vun den Artiste wäerte wärend dem Festival awer och eng Rei Konferenze sinn, wou international gekuckt gëtt, wéi et mat der Museksbranche no der Pandemie wäert weidergoen.