Eigentlech sollten haut dem Adele seng 24 Concerten zu Las Vegas starten.

Den 21. Januar 2022 sollt d'Adele eigentlech déi éischte Kéier zu Las Vegas am Ceasars Palace am Kader vu senge 24 geplangte Concerten op der Bün stoen.

D'Tickets si säit Wochen ausverkaaft a ginn um Schwaarzmaart fir Präisser ëm 30.000 Dollar gehandelt.

Leider huet d'Corona Pandemie der Sängerin awer elo ee Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Vue dass bal d'Hallschent vum Adele senger Crew sech mat Corona ugestach huet, wier hinnen d'Zäit fortgelaf an esou missten si een Dag virum éischte Concert leider alles ofsoen a verréckelen.

An engem Video op Instagram huet sech déi brittesch Sängerin ënner Tréine bei senge Fans entschëllegt mee et wier zäitlech einfach net duergaangen eng Show op d'Been ze stellen déi geplangt war. Ganz besonnesch géif d'Sängerin sech bei all deene Leit entschëllegen déi elo schonn op Las Vegas komm sinn an elo kee Concert kenne kucke goen.

Wéini d'Concerten nogeholl ginn ass awer nach net gewosst.