D'NFL huet sech fir dëst Joer erëm eng ganz besonnesch Performance wärend der Halbzeit vum Super Bowl afale gelooss.

D'Halftime-Show vum Super Bowl ass genau esou renomméiert wéi de Match selwer. Dofir ass et och ëmmer eng grouss Éier fir all Museker, fir wärend deenen 30 Minutte kënnen am Stadion opzetrieden.

Fir de 56. Super Bowl, deen den 13. Februar 2022 zu Los Angeles wäert stattfannen, hunn den Dr. Dre, Eminem, Mary J. Blige, Kendrick Lamar a Snoop Dogg zougesot. Dës 5 Museker gehéieren zu deenen allergréisste Museker aus der Rap-Zeen. Wärend der Performance stinn dann 43 Grammys zesummen op der Bün.

Elo huet d'NFL dann och den Trailer vun der Halftime Show released. An dësem scho bal Blockbuster méissegem Video, gesäit een nach eng Kéier all d'Museker déi wärend dem Owend oder fir eis wärend der Nuecht op der Bün wäerte stoen.