Den amerikanesche Sänger a Schauspiller ass am Alter vu 74 Joer gestuerwen.

Wéi dem Meat Loaf seng Famill an engem Post op Instagram de Fans matgedeelt huet, ass de Sänger a Schauspiller Meat Loaf am Alter vu 74 Joer gestuerwen. Eng Doudesursaach gouf awer nach net matgedeelt.

De Sänger war an de 70er bis 90er Joren als Schauspiller vu Filmer wéi der "Rocky Horror Picture Show" bekannt ginn. Säi gréissten Optrëtt hat hien am Film "Bat out of Hell" am Joer 1979. Als Museker hat hie säi gréissten Erfolleg mam Lidd "I'd Do Anything For Love" am Joer 1997.

An der leschter Zäit war hie gesondheetlech net méi esou gutt an ass och eng Kéier op der Bün zesummegaangen. An deene leschte Méint stoung hien des Ëfteren an der Kritik vue dass hien net esou ganz dem Greta Tunberg seng Meenung gedeelt huet an de Klimawandel ugezweiwelt huet.