Déi lëtzebuergesch Band Leen bréngt dëse Samschden hir Debut-EP "Vertigo" eraus. Am Virfeld war den Jimmy op Besuch am labbere Feierowend!

Versus You, Daniel Balthasar & Band, Rome an och nach Lead-Vocalist a Grënner vun der Band Mad Fox. Donieft huet den Jimmy Leen virun e puer Joer zesumme mam Jim, Max a Pyt de Projet Leen gegrënnt. No 3 Single-Releases ("Running", "Black Hole Summer Song" an "Desert Wolves") kënnt dann elo hir alleréischt EP "Vertigo" eraus!

Am Virfeld hate Leen ugekënnegt, dass si vun elo un nei musikalesch Richtungen ausprobéieren an experimentéiere géifen. Den Jimmy beim Chris am Interview verroden wéi déi nei EP kléngt, ob esou en erfuerene Museker virun engem Release iwwerhaapt nach nervös ass a wou a wéini de Release-Concert wäert stattfannen!

Lauschtert de ganzen Interview mam Jimmy Leen!