Umelle kann een sech nach bis de 16. Mee!

De Screaming Fields Festival, deen all Joer vun der Rockhal organiséiert gëtt, ass zanter enger Rei Joren net méi aus dem musikalesche Joer ewechzedenken.

Wéi d'Rockhal lo matgedeelt huet, wäert et natierlech och dëst Joer rëm eng Editioun vum beléiften Event ginn. Dat ganzt wäert de 9. Juli 2022 an der Rockhal stattfannen.

De Screaming Fields ass eigentlech ee Festival, bei dem jonk talentéiert Museker a Musekerinne kennen deel huelen a weise wat se kennen. Hei muss ee just 4 Lidder selwer geschriwwen hunn, déi een da virun enger Jury presentéiere wäert. Dat ganzt ass fir Jonker tëschent 12 a 25 Joer.

De Gewënner vum Festival huet dann d'Méiglechkeet seng Musek professionell ze produzéieren an dat zesumme mam Rocklab. Hei kritt een also schonn eng ganz gutt Startbasis gebueden.

Säit dem 20. Abrëll kann een sech dann och iwwert d'Internetsäit vum Screaming Fields Festival umelle fir kenne matzemaachen. Umelle kann een sech just nach bis de 15. Mee!