Déi däitsch Sängerin wäert am Kader vum neie Festival USINA 2022 optrieden.

Den USINA22 Festival ass ee lëtzebuergesche Festival deen den 11. & 12. Juni 2022 um Site vun der "Neischmelz" zu Diddeleng wäert stattfannen.

De Festival am Kader vun Esch2022 soll ee Festival fir jidderee ginn an dat ganz organiséiert vun der Staat Diddeleng, dem Atelier an dem Gudde Wëllen.

Niewend Headliner wéi Kings Of Leon, Fools Garden, Tuys oder Caribou hunn d'Organisateure lo och matgedeelt, dass déi däitsch Pop-Rock Sängerin Alice Merton och den 12. Juni wäert op der Bün stoen.

Tickets kennt der iech op usina.lu nach kafen.