No sengem aktuellen Album schwätzt de Museker dann awer lo och scho vu sengem nächsten Album.

De Machine Gun Kelly gehéiert mat Sécherheet zu deenen interessantste Kënschtler aus der momentaner Museksbranche.

No sengem Album "Tickets To My Downfall" aus dem Joer 2020 huet hien dëst Joer säin aktuelle Longplayer "mainstream sellout" released. Déi zwee Albume sinn och zimmlech rockeg ugehaucht an hunn ënnert anerem Features mam Travis Barker vu Blink182 oder och Bring Me The Horizon.

Elo huet de Museker awer gesot, dass säin nächsten Album awer warscheinlech rëm géif méi a Richtung Rap goen.

Ob dat gutt geet nodeems de Mick Jagger behaapt huet de Machine Gun Kelly wier d'Zukunft vum Rock.