Ganz geschwënn wäert et nei Musek vum amerikanesche Rapper ginn.

Ganzer 3 Joer ass et hier dass den amerikanesche Rapper Post Malone säi bis elo nach aktuellen Album "Hollywoods Bleeding" erausbruecht huet.

Wéi de Post Malone op senge soziale Medie matgedeelt huet, wäert den 3. Juni 2022 awer lo ee ganz neie Longplayer op de Marché  kommen.

Den Album soll ënnert dem Numm "twelve carat toothache" erauskommen a ronn 45 Minutten daueren. De Post Malone huet dann awer och schonn erzielt dass et een zimmlech emotionalen Album wäert ginn, vue dass hie probéiert huet seng Héichten an Déiften am Liewen an dësem Album ze beschreiwen.

Et ass dann och schonn dee 4ten Album vum Rapper deen hien dann erausbrénge wäert.