Um New-Music-Friday wäert et och rëm eppes Neies vum Justin Bieber ze héiere ginn.

Nodeems d'Fans scho laang op nei Musek vum Justin Bieber waarden, huet de Sänger sech zimmlech roueg gehalen. Domadder ass awer lo Schluss vue dass de Museker op Instagram matgedeelt huet, dass den 29. Abrëll seng ganz nei Single "Honest" wäert erauskommen.

D'Single huet den Justin Bieber zesumme mam amerikanesche Rapper Don Toliver opgeholl an och ee Museksvideo soll et scho ginn.

Witzege Funfact ass dann awer och, dass den Justin Bieber wärend dem Dréi vum Museksvideo well warscheinlech eng nei Single geleakt huet. Dës soll da warscheinlech ënnert dem Numm "I Feel Funny" erauskommen. Wéini ass hei awer nach net gewosst.