Dësen Dënschdeg – e weideren Top-Concert um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Casper

Och dëse Mount wäerte mir deen éischten Dënschdeg natierlech rëm ee Concert a voller Längt presentéieren. Dës Kéier hu mer dann den däitsche Rapper Casper mat dobäi.

2013 huet hien dann och déi éischte Kéier hei am Land gespillt an den 13. Mee wäert hie lo schon déi 5te Kéier live hei zu Lëtzebuerg optrieden.

Mat sengem 2ten Studio Album XOXO huet de Casper den Duerchbroch gepackt gehat a Lidder wéi "Im Ascheregen", "So Perfekt" oder "Ganz Schön Okay" zesumme mat Kraftklub gehéieren nach haut bei him op zimmlech all Setlist.

Ee Concert vum Casper ass ëmmer rëm een Highlight vue dass hien eng immens Energie huet déi hien och u seng Fans weider gëtt. Leider ass de Concert vum Casper well ausverkaaft mee warscheinlech war et definitiv net déi leschte Kéier dass den däitsche Museker hei am Land opgetrueden ass.

Erlieft all dem Casper seng grouss Hits  - en Dënschdeg den Owend vun 19:00 Auer un um Eldo, am Livestream op eldo.lu oder an der gratis Eldo-App!