Déi däitsch Rock Band Rammstein si mat hirem neisten Album "Zeit" zeréck.

Dräi Joer no hirem Mega-Album "Rammstein" am Joer 2019 sinn déi 6 Museker vun der däitscher Rock-Band elo zeréck mat hirem ganz neien Album "Zeit".

Säit 1994 sinn si als Band ënnerwee an hunn zimmlech op all Bün a Festival op der ganzer Welt hir impressionant Büneshow gewisen.

Mat "Zeit" kennt den 8ten Studioalbum vu Rammstein op de Marché. Och an dësem Album gi rëm eng Rei Theme behandelt, déi een sech eigentlech just vu Rammstein erwaarde kann. Et gëtt zimmlech keen Tabuthema wat nach net vum Till Lindemann a senger Band behandelt gouf.

Gerüchter no soll et dann awer deemno wéi och dee leschten Album vun der Band sinn. Dat interpretéiere vill Fans an déi lescht Single vum Album "Adieu".

Dës weidere soll hir Tournée awer bis 2023 verlängert ginn a sou kéint et deemno wéi sinn dass mer Rammstein dann och nach eng Kéier hei zu Lëtzebuerg erliewe kéinten.