No hirer EP Release wäert déi lëtzebuergesch Band och lo rëm méi live spillen.

No hirer neier EP"Underwater Rescue" am Joer 2021 dee bei de Fans immens gutt ukomm ass war et nawell liicht méi roueg ëm déi lëtzebuergesch Reggae Band "The Disliked" ginn.

Elo sinn si awer och rëm zeréck op de lëtzebuergesche Bünen. Vum 1. Mee bis den 22. Juli wäert d'Band eng 7 Concerten hei am Land spillen, wou si da warscheinlech och déi eng oder aner nei Single wäerte presentéieren.

Hei fann der nach eng Kéier all d'Detailer zu de Concerten:

29.05: Culture the Forest Festival - Esch/Alzette
04.06: Mad Ones es - Esch/Alzette
22.06: National Day Fest Rocas - Luxembourg
02.07: Pitcher Open Air - Esch/Alzette
09.07: Mir Si Miersch - Mersch
22.07: Clervaux Castle - Clervaux