Am Januar hat d'Adele seng Concerten zu Las Vegas ofgesot.

D'Adele gehéiert mat Sécherheet zu deene beschte Sängerinnen op der ganzer Welt a sou war et dann och net wierklech eng Iwwerraschung dass d'Adele eng Residenz zu Las Vegas am Caesars Palace sollt kréien.

Leider huet d'Adele mol keng 24 Stonne virum éischte Concert missen alles ofsoen. Wisou genee ass bis haut nach net esou ganz kloer.

Mee genee déi 24 Concerte sollen dann elo awer nogeholl ginn, vue dass d'Fans natierlech hir Tickets well all kaaft haten. Et wier esouguer méiglech dass et net méi am Ceasars Palace mee am Zappos Theater stattfanne wou nach eng Kéier 3000 Leit méi géife ragoen.

D'Adele huet dann och an engem Interview gesot dass d'Concerten nach definitiv nach dëst Joer wäerte stattfannen.