No bal 3 Joer Paus soll lo awer rëm een neie Long-Player erauskommen.

Am Januar 2019 ass de leschte Studioalbum "Amo" vun Bring Me The Horizon op de Marché komm ier si dann am Summer op deene grousse Festivallen opgetruede sinn.

Kuerz duerno ass awer och nach hir EP "Post Human: Survival Horro" erauskomm ier si dunn awer eng kleng Paus gemaach hunn.

Zeréck hunn si sech mam Remix vum Ed Sheeran senger Single "Bad Habits" gemellt, déi si iwweregens och bei de Grammys live performed hunn.

Dëse Summer soll dann awer lo endlech rëm een neien Album released ginn. De Sänger Oli Sykes huet dann och matgedeelt dass si scho 45 Lidder fäerdeg hätte vun deenen si lo déi bescht misste raussiche fir den neien Album.