Am Kader vum Projet "The Sound of Data" sichen den FNR, d'Uni Lëtzebuerg, den LIST an d'Rockhal nach no Museker fir eng Residence.

De Projet "The Sound of Data" ass an Zesummenaarbecht vum FNR, der Rockhal, der Uni Lëtzebuerg an dem LIST entstanen. Hei wäerten d'Visiteuren an deenen nächste Méint erkläert kréie wéi wichteg et ass ze verstoe wéi d'Daten am Hannergrond matwierke fir Musek ze produzéieren. Hei kréien si da gewise wéi een sech eventuell méi innovativ a musikalesch mol eng Kéier anescht ausdrécke kann.

Genau an dem Kader sichen d'Organisateure lo nach Museker oder Bands aus verschiddene Museksgenren déi motivéiert a virwëtzeg sinn hei mat ze wierken.

Gesicht ginn "open minded" Museker a Bands déi vum Mee bis Dezember als Residence Musicians beim Projet mat dobäi wëlle sinn. Hei ginn dann och Workshops organiséiert bei deenen ee ganz vill iwwer d'Daten an der Musek kann dobäi léieren. Fir de Projet ginn am Endeffekt 10-12 Bands vun enger Jury aus allen Ugemellten erausgesicht.

Wärend der ganzer Residence kann een dann och déi ganzen Zäiten d'Studioen an d'Proufsäll vum Rocklab benotzen.

Den 3. Dezember gëtt dat ganzt dann an engem Concert am Club vun der Rockhal ofgeschloss bei dem een dann d'Chance huet do op der grousser Bün ze stoen.

Umelle kann een sech nach bis de 6. Mee wann een hei drun interesséiert ass.

Weider Informatiounen iwwert de Projet kann een HEI noliesen.