Mat "Slow Down" huet de lëtzebuergesche Sänger eng ganz roueg a perséinlech Single released.

De lëtzebuergesche Sänger CHAiLD huet schonn esou zimmlech op all Bün hei am Land gespillt a gëllt als ee vun deenen innovatiivste Kënschtler a Museker hei am Land.

Duerch seng Single "Sick Water" zesumme mam Maz, "Radio" oder "Ocean Boy" gehéieren zu deene Lidder, mat denen den CHAiLD an deene leschte Jore bekannt ginn ass.

Elo ass hien zeréck mat senger ganz neier Single "Slow Down" an der hie vun Intimitéit a Verletzlechkeet séngt. Hei geet et him dem ze erklären, dass ee Feeler vu sengem Partner och soll unhuele vue dass een dës warscheinlech souwisou net ännere kann.

Eng ganz perséinlech an emotional Single déi mat ganz rouegen Téin beschreift wat de Sänger sech fir säi Liewe wënscht, Trouscht a Schutz.