Déi nei Single vun der italienescher Band soll ganz geschwënn rauskommen.

Am Joer 2021 huet déi italienesch Rock-Band Maneskin mat der Single "Zitti e buoni" gewonnen. Hiren Hit "Beggin'" huet et duerno op TikTok bis ganz no uewe gepackt a huet hinnen nach méi grouss Optrëtter verschaaft.

No hirer leschter Single "MAMMAMIA" am Oktober 2021 war et nawell zimmlech roueg ëm Maneskin ginn. Elo ass d'Band awer zeréck mat enger neier Single mam Numm "Supermodel" déi den 13. Mee op de Marché soll kommen.

Fir all d'Fans déi leider keng Tickets fir de Sold Out Concert den 23. Abrëll an der Rockhal kruten, déi kennen  zum Beispill nach op de Rock Am Ring Festival fueren, wou Maneskin dann och spillen.