De Biopic vum Elvis Presley an de Soundtrack vum Film gi schonn zënter Méint erwaart.

D’Doja Cat huet um Freideg e Lidd erausbruecht wat Deel vum Soundtrack vum Film ass. De Song nennt sech "Vegas". Hei handelt et sech ëm e Sample vun engem Lidd vun 1952 dee vum Elvis Presley selwer och gesonge gouf. Natierlech huet d’Doja Cat säin eegene Sound domat kombinéiert. D’Rapperin hat "Vegas" fir déi éischte Kéier um Coachella-Festival am Abrëll gesongen.