Och d'Taylor Swift huet um Freideg en neit Lidd erausbruecht dat Deel vun der neier Versioun vum Album "1989" ass.

Beim Release geet et also ëm ee vun den éischte Songs vu sengem "1989"-Album, déi nei opgeholl goufen. D’Lidd nennt sech "This Love (Taylor’s Version)". D’Lidd war schonn am Trailer vun der Amazon-Serie "The Summer I Turned Pretty" ze héieren. D’Sängerin ass jo am Gaangen all seng al Alben nach eng Kéier opzehuele fir d’Kontroll iwwer säi Song-Katalog ze hunn. Et ass awer net kloer wéini de ganzen "1989 (Taylor’s Version)"-Album erauskënnt.