De Rapper, dee mat sengem Lidd "First Class" e ganz grousse Succès gefeiert huet, huet elo säin neien Album erausbruecht.

Natierlech schwätze mir iwwer de Jack Harlow. Säin Album heescht "Come Home The Kids Miss You". Virun allem een neie Song huet d’Leit schonn opmierksam gemaach. Dee nennt sech "Dua Lipa" wéi d’Sängerin. An de Rapper hofft warscheinlech dass d’Sängerin sech geschmeechelt fillt. An engem vun de Lyrics seet hien nämlech dass hie méi wéi nëmmen Musek mam Dua Lipa zesumme maache wëll.