Am Virfeld vu sengem neien Album koum lo well dat neit Lidd "The Heart Part 5" raus.

Dem amerikanesche Rapper Kendrick Lamar säin nächsten Album "Mr. Morale & The Big Steppers" steet schonn an de Startlächer a soll den 13. Mee op de Marché kommen.

Elo huet de Museker awer een neien Track released, dee awer net direkt eppes mam Album ze dinn huet mee éischter am Kader vun enger anerer Rei u Lidder rauskomm ass.

D'Lidd mam Numm "The Heart Part 5" ass schonn de 5ten Deel vun dëser Rei a baséiert op engem Sample vum Marvin Gaye sengem Lidd "I Want You". An der Single séngt a rappt de Kendrick Lamar aus der Vue vum O.J. Simpson, Kanye West, Kobe Bryant a Will Smith.

Och de Museksvideo ass definitiv derwäert sech eng Kéier unzekucken.