
© Jil Kugener
De lëtzebuergesche Rapper wäert eng kleng international Tour spillen.
De lëtzebuergesche Rapper Maale Gars huet virun e puer Wochen säin neisten Track "Rilatine 40mg" op de Marché bruecht.
No enger Rei neie Songs an deene leschten 2 Joer well de Museker dës natierlech och live performen. Op Instagram huet de Maale Gars lo ugekënnegt, dass hien eng kleng Tour vu 4 Concerte wäert spillen ënnert dem Numm "Dem Maale Gars seng éischt Tour".
Hei wäert hien zu Berlin, Köln, Wien an och hei zu Koerich optrieden.
24.05. - Berlin, Panke
25.05. - Köln, MTC
26.05. - Wien, Replugged
28.05. - Koerich, The Beautiful Decay Festival
D'Tickets fir déi verschidde Concerte kënnt der HEI kafen.